2018-09-25
D’Diddelenger Schmelz am éischte Weltkrich
Eng Konferenz vum Jacques Maas am Kulturzentrum Opderschmelz
Eng Konferenz mam Historiker Jacques Maas
Kulturzentrum Opderschmelz, Dënschdes de 25. September um 19h30
Wéi huet de Krich d’Diddelenger Schmelz, säin Patronat a Salariat an d’Produktioun an de Joren 1914-18 beaflosst? Dës an aner Froen beäntwert de Jacques Maas unhand vun enger Rei bis haut kaum benotzte historesche Quellen
De Jacques Maas ass Historiker mat Schwéierpunkt op der lëtzebuergescher Eisen- a Stolindustrie. Seng Fuerschungen sinn a villen internationale Fachzäitschrëfte publizéiert ginn. Hien ass e.a. Co-Auteur vun engem Wierk iwwert d’Thomas-Verfahren
D’Konferenz ass op lëtzebuergesch.
